Veranstaltungen
nächste veranstaltungCONCOURS "Neie Bewunner am Déierepark"
2023 kritt den Escher Déierepark ee fonkelneit Déieregeheg bäi. Mir brauchen är Inspiratioun fir déi zukünfteg Matbewunner auszewielen.
Moolt oder beschreift äert Wonschdéier dat dir gären am neie Geheg géift gesinn. (Op der Réckseit vun der Fiche (zweet Seit vum PDF))
D‘Fiche gëtt et am Bamhauscafe oder dir kënnt se hei als PDF eroflueden an ausdrécken.
Gitt är Propositioun am Bamhauscafé an der Urn of, oder maacht eng Foto a schéckt et per Mail un: deierepark@villeesch.lu
Mer verlousen um Enn vum Joer, ënnert all de Propositiounen eng Nuecht fir 2 an engem Escher Bamhaus an déi 10 éischt kréien een Escher Bambi.
Contact et informations :
deierepark@villeesch.lu · tel.: (+352) 2754-3752