Events at the park

next event

ENG TAASS FIR DEN FRIDDEN AN DER UKRAIN (FONDATION KRAIZBIERG)

Une tasse pour la paix en Ukraine (25€ dans le  Bamhauscafé)

Eine Tasse für den Frieden in der Ukraine (25€ im  Bamhauscafe)

A cup for peace in the Ukraine (25€ in the  Bamhauscafe)

Och d‘FONDATION KRAIZBIERG probéiert déi fuerchtbar Situatioun an der Ukrain ze verschaffen. Si mecht dat andeems se Toun verschaffen, d’Kreativitéit, d’Kënnen an d’Léit zum Ausdrock brénge fir esou op d’Cause vu Mënsche mat enger Behënnerung an der Ukrain hin ze weisen. Och si hunn et aktuell immens schwéier a brauchen onbedingt eis Ënnerstëtzung! Fir 25€ kënnt dir dës Cause ënnerstëtzen andeems dir eng vun eise limited edition Tase vun der FONDATION KRAIZBIERG kaaft! Et gi se am Bamhauscafe oder direkt bei der Fondation Kräizbierg. Den Erléis dovunner geet integral un eng Associatioun déi sech op der Plaz fir d’Wuel vu Mënsche mat enger Behënnerung asetzt.

https://www.kraizbierg.lu