Les événements au parc

événement suivant

HINGER DÉIEREPRESENTATIOUN

DËSE FREIDEG DEN 23.08 UM 10:15 AUER:

HINGER

Presentéiert vum JANG

Jiddereen kann ouni Umeldung Deel huelen.
Dauer ± 20 min.
RDV: BEIM AGANG VUM HEEMELWEE

 

Am Escher Déierepark ginn et esou vill Déiere, vu Geesse bis zu Highland Cattlen  ass alles am Park vertrueden. Elo ka jidderee vum 19. Juli bis den 20. September, dee méi iwwert des Déiere wësse well, un den Déierepresentatiounen am Déierepark Deel huelen. All Freideg géint 10h15 stellt een Déierefleeger een anert Déier aus hirem Park vir. Hei gëtt ee gewuer wat des Déiere friessen, wéi se musse gehale ginn a villes méi. Wéi een Déier Freides virgestallt gëtt, gëtt Ufanks der Woch ëmmer op der Homepage vum Déierepark annoncéiert. Ween no de ronn 20 Minutte Presentatioun awer nach Froen iwwert säi Liiblingsdéier huet, kann des gären un de Fleeger stellen. Un dëse Presentatioune ka jiddereen ouni Umeldung Deel huelen. An wien duerno nach net genuch vun den Déieren huet, kann en Tour duerch de ganze Park maachen an sech och déi aner Déieren ukucke goen.