D‘Evenementer am Park
nächst evenementWinterfest 2024: Een Igluduerf matzen am Déierepark
SA 23.11. (vun 10.00 bis 20.00 Auer)
SO 24.11. (vun 10.00 bis 18.00 Auer)
D‘Déieren, Mataarbechter a Frënn vum Escher Déierepark invitéiere Grouss a Kleng ob hiert Wanterfest an engem flotten Igluduerf um Gaalgebierg.
• Vill Stänn vu lokale Konschthandwierker
• Liesunge vu schéine wanterleche Geschichte matt klengen Iwwerraschungen
• De ganzen Dag iwwer stellen Déieren an hier Equipe sech fir
• Kleng Workshops (Thema: Mir bastelen zesumme fir eis Déieren)
• Selbstverständlech ass fir Iessen (Croquexemännercher, Kniddelen, Raclette, Chilli, Zopp) a Gedrénks beschtens gesuergt.
• Fir musikalesch Stëmmung suergen d‘Schüler aus dem Conservatoire an „de Marc“
• Iwwerdaachte kënschtlech Äispist beim Bauerenhaff. Vun 11.00 bis 18.00 Auer. Limitéiert Unzuel u Schlittschong disponibel (29-41). Dir kënnt är Schlittschong (ouni Zacken) gäre matbréngen.
DEN ENTRÉE ASS GRATIS!
D‘ÄISPIST ASS KLIMANEUTRAL A VERBRAUCHT KENG ENERGIE (AUSSER ÄR EEGEN).
Et si nëmme ganz wéineg Parkplazen um Site!
De Gaalgebus bréngt iech Stressfräi an ouni Parkproblem ab der Gare erop.
Vun 11:30 bis 18:30 Auer all 30 min.
Infotel: (+352) 2754 3752