Informatiounen

Escher Déierepark

E Paradäis fir Kanner, mee net nëmmen.

Um Escher Gaalgebierg, just e Kazesprong vum Escher Zentrum ewech, deelen sech Réi, Geessebéck, Huesen an eng ganz Rei aner Déiere en Areal vun 2 ha. Am ganze sinn et 150 Vertrieder vu 25 Déierenaarten. Am Déierepark ginn et awer och zwou Spillplazen a flott Ecker fir
sech ze erhuelen.

D’Entrée ass gratis an de Park mécht ni zou. Profitéiert vum Gaalgebus. All 30min. ab 11:30. (Quai C1,Äispiste, Tennis, Grousse Parking, Pavillon Gaalgebierg et Camping/Déierepark).

Vu méindes bis freides ginn op Ufro geféiert „Um Heemelwee“-Visitte fir Gruppe vu 5 bis 15 Leit ugebueden (Dënschdes ass den Heemelwee vun 15 – 16 Auer fräi zougänglech).

Lued de plang vum Déierpark erof

Lued de depliant vum Déierpark erof

 

De pädagogesche Bauerenhaff

E pädagogesche Bauerenhaff ass Deel vum Escher Déierepark.
Seng Intentioun ass et, al Hausdéier-Zochte virzestellen.
Wéi zum Beispill déi zwou Päerds-Zochte Konik a Huzule, oder och d‘Poitou-Iëselen.

 

Escher Bamhaiser & Bamhauscafé

Link zum site „ESCHER BAMHAISER & BAMHAUSCAFÉ“