D‘Evenementer am Park
nächst evenementWanterfest 2025
SA 22.11. & SO 23.11.
D‘Déieren, Mataarbechter a Frënn vum Escher Déierepark invitéiere Grouss a Kleng ob hiert Wanterfest um Gaalgebierg.
• Vill Stänn vu lokale Konschthandwierker
• Liesunge vu schéine wanterleche Geschichte matt klengen Iwwerraschungen
• De ganzen Dag iwwer stellen Déieren an hier Equipe sech fir
• Kleng Workshops
• Selbstverständlech ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt.
• Fir musikalesch Stëmmung ass och gesuergt
• Iwwerdaachte kënschtlech Äispist beim Bauerenhaff. Vun 11.00 bis 18.00 Auer. Limitéiert Unzuel u Schlittschong disponibel (29-41). Dir kënnt är Schlittschong (ouni Zacken) gäre matbréngen.
DEN ENTRÉE ASS GRATIS!
D‘ÄISPIST ASS KLIMANEUTRAL A VERBRAUCHT KENG ENERGIE (AUSSER ÄR EEGEN).
Et si nëmme ganz wéineg Parkplazen um Site!
NEI: Dëst Joer stinn 350 gratis Parkplazen am Parkhaus ENOVOS zur Verfügung! (Hei de Plang) Eng Navette suergt fir den Transfert erop an och erëm erof. Vun 10:00 bis 18:30 Auer.
De Gaalgebus bréngt iech och Stressfräi an ouni Parkproblemer ab der Gare erop. Vun 11:30 bis 18:30 Auer all 30 min.
Infotel: (+352) 2754 3752