Veranstaltungen

nächste veranstaltung

Ween ass d'Julie?

LÉIEREN IWWERT DÉIEREN

D’Julie ass eng leidenschaftlech Mataarbechterin am Déierepark, hat genéisst et, ëmmer gutt gelaunt a mat engem Laachen am Gesiicht är Froen ze beäntwerten. Fir d‘Julie sinn all är Froen eng Chance fir säi Wëssen iwwert d‘Déieren ze deelen. Mat spannende Geschichten an einfachen Erklärunge geléngt et him och komplizéiert Themen, verständlech duerzestellen.

Dem Julie seng Missioun am Déierepark ass et iech mat Aktivitéiten fir d‘Déierewelt an den Aarteschutz ze begeeschteren. All Staunen a Laachen ass fir hat puer Freed a mécht säin Job zu enger erfëllte Leidenschaft.

Infotel: 2754 3752