Les événements au parc
événement suivantAKTIVITÉITEN AM DÉIEREPARK AN DER SUMMERVAKANZ
Tarif: 15€ pro Kand an Aktivitéit
Rendez-vous ass ëmmer virun der Aktivitéit am Bamhauscafé
Umeldung obligatoresch: Tel: 2754 3752
(Méi. – Frei. vun 9:00 – 17:00)
30. Juli • 10:00 bis 12:00 Auer • ab 6 Joer
LAVENDEL-MOIEN
Entdeck de Lavendel a seng vill Stärkten. Mir richen, schmaachen a léieren dës besonnesch Planz besser kennen. Zum Ofschloss genéisse mir e gudde Lavendel-Fizz am Bamhauscafé.
06. August • 10:00 bis 12:00 Auer • ab 8 Joer
IESELS-MOIEN
Déi gréissten – an natierlech och déi léifsten – lesele vun der Welt waarden am Escher Déierepark op dech. Verbréng e flotte Moie mat hinnen a léier dës faszinéierend Déiere besser kennen.
13. August • 10:00 bis 12:00 Auer • ab 6 Joer
KANÉNGERCHERS-MOIEN
Léier alles iwwer deng kleng Frënn, fir datt’s du weess, wéi een sech richteg ëm si këmmert, a kréi däi Kanéngerchers-Führerschäin! Deen gëtt et nëmmen am Escher Déierepark.
20. August • 10:00 bis 12:00 Auer • ab 8 Joer
KONIKPONYEN-MOIEN
„Konik » ass Polnesch a bedeit „klengt Päerdchen ». Kommt a verbréngt e flotte Moie mat hinnen a léiert dës interessant Ponyrass besser kennen.
27. August • 10:00 bis 12:00 Auer • ab 6 Joer
GEESSE-MOIEN
Verbréng e Moie mat eise Geessen. Si sinn e bësse stuer, mee wann een si bis kennt, si se witzeg a léif.
Um Programm: kenneléieren, mat hinne spadséiere goen, fidderen an de Stall ausmëschten.
03. September • 10:00 bis 12:00 Auer • ab 6 Joer
PONY-MOIEN
Verbréng e schéine Moie mat eise Ponyen, léier si besser kennen an entdeck, wéi een se richteg fleegt, fiddert a sech léif a verantwortungsvoll em si këmmert.